13/10/2026
Dierf ganz gaeren gedeelt ginn! Villmols Merci🙏😊
✨ MIR SICHE VERSTÄERKUNG FIR EISEN BÜRO! ✨
Sekretär(in) / Administrativ Mataarbechter(in) (m/w/d)
📍 Institut de Beauté Alexa Ballmann
11 rue de la gare, OETRANGE
🕒 16–20 Stonnen d’Woch
Du bass organiséiert, zouverlässeg, hues Freed um Kontakt mat Mënschen a schaffs gär selbststänneg?
Da bass du bei eis genau richteg! 🤍
Wat mir dir bidden:
* 🌿 Eng roueg an agreabel Aarbechtsatmosphär
* 🤍 Eng léif a sympathesch Ekipp
* 🕒 Flexibel Aarbechtszäiten
* ✨ Selbststännegt an autonomt Schaffen
* 🏡 E schéinen an elegante Kader
Wat mir eis vun dir wënschen:
* Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Däitschen a Franséischen
* Eng organiséiert a strukturéiert Aarbechtsweis
* Zouverlässegkeet, Diskretioun an Eegeninitiativ
* E frëndlecht a professionellt Optrieden
* Freed un administrativen Aufgaben an um Clientskontakt
Du fills dech ugeschwat?
Da freeë mir eis op deng Kandidatur!
📩 [email protected]
Mir freeën eis, dech kennenzeléieren! 🤍
Institut de Beauté Alexa Ballmann