Find Yourself - psychologesch Berodung

Itinéraire Site Web Contacter l'entreprise

Find Yourself - psychologesch Berodung Däin Wee an e glécklecht Liewen
------------------
psychologesch Berodung
somatesch Traumaintegratioun
transgenerationell Trauma-Aarbescht
Entspaanung

🍂 Eng kleng Paus fir Deng Séil - Huel der e klenge Moment, just fir Dech. 🍁🤎 Maach Deng Aen zou an ootm déif duerch d'Nu...
20/10/2026

🍂 Eng kleng Paus fir Deng Séil - Huel der e klenge Moment, just fir Dech. 🍁

🤎 Maach Deng Aen zou an ootm déif duerch d'Nues an … an da lues nees aus.

Stell Der vir, Du stees an engem wonnerschéinen Hierschtbësch. Déi faarweg Blieder danze douce am Wand, d'Loft ass frësch an alles ronderëm Dech gëtt ganz roueg.

🍂 Mat all Ausootme léiss du e bëssen de Stress, Deng Suergen an Deng Uspanung lass – esou wéi d'Beem hir Blieder lassloossen.

Ootm nach eng Kéier déif an a spier d'Rou an Dir.

💛 Erënner Dech drun: Du muss net alles festhalen. Heiansdo däerfs Du lassloossen, zur Rou kommen an einfach sinn.

Wann's Du prett bass, maach Deng Aen lues nees op an huel dëst Gefill vu Rou mat an däin Dag.

🤎 Eng kleng Erënnerung fir haut:
Looss lass, wat Dech belaascht, a schenk Dir selwer e Moment vu Rou a Gebuergenheet.

🍁 Wann Dir dës kleng Auszäit guttgedoen huet, da looss gär e🤎 an de Kommentaren.

20/10/2026

🍂🕯️ Samhain – Eng schamanësch Rees zu de Wuerzelen an an d'Welt vun den Anen 🕯️🍂

Wann Deeg méi kuerz ginn, d'Natur sech zréck zitt an de Schleier tëscht de Welte méi dënn gëtt, luet Samhain eis dozou an eng Paus ze maachen, lassloossen an eis mat eise Wuerzelen ze verbannen. 🌑✨

Schamain ass e Fest vum Iwwergang, vum Erënneren a vum Verbanne mat sech selwer. Eng Zäit fir dat aalt a Fridde goen ze loossen, d'Weisheet vun eisen Anen ze éieren a Raum fir Neies ze schafen. 🍁

🌿 Deng perséinlech Samhain-Auszäit – online an an Dengem eegenem Tempo

Du kann's vun iwwerall aus deelhuelen an Dir ganz bewosst Zäit fir Dech an Deng Rees huelen.

✨ Dat erwaart Dech:

🍂 Eng PDF per E-Mail mat den Erklärung rëm em Samhain a seng Bedeitung
🕯️ Ritualen a Impulser, déi's Du a Rou fir Dech gestalte kanns
🐺 Zwou Audio-Opname mat schamanischen Reesen, déi Dech duerch des Zäit begleeden

📩 Wéi kann's Du deelhuelen?

No Denger Umeldung ob dësem Link https://www.findyourself.biz/produktseite/samhain-online-workshop kriss Du den 28. Oktober eng E-Mail mat allen zougeschéckt. sou kann's Du Dir Däin ganz perséinlech Raum schafen a Samhain an Dengem eegenem Rhythmus erliewen. 🍂✨

Ech free'e mech, Dech ob Denger Rees begleeden ze kenne 🤍

‼️Opgepasst - nei Homepage‼️D'Praxis huet säit August eng nei Home-Page. Bei der Aler ass de Kontrakt gekënnegt an si an...
14/10/2026

‼️Opgepasst - nei Homepage‼️
D'Praxis huet säit August eng nei Home-Page. Bei der Aler ass de Kontrakt gekënnegt an si an net méi online.

Et ass mir awer elo opgefall, dass besonnesch bei Werbunge nach ëmmer deen ale Link ugewise gëtt, obwuel ech et geännert hunn. Dofir entschëllegen ech mech bei all deene Läit, déi de Link ob de Werbungen ugeklickt hunn an ob enger eideler Säit rauskomm sinn. 🙏

Dir kennt mir gäre Feed-Back ginn, wann dëst de Fall erëm soll sinn an Dir net ob www.findyourself.biz weidergeleet gitt.

14/10/2026
✨ Gesetz vun der Unzéiung – wat stécht dohannert? ✨"Du zitt's dat un, wourop's Du Deng Opmierksamkeet richs."Mee ass dat...
02/10/2026

✨ Gesetz vun der Unzéiung – wat stécht dohannert? ✨

"Du zitt's dat un, wourop's Du Deng Opmierksamkeet richs."

Mee ass dat nëmme Spiritualitéit - oder gëtt et dofir och eng psychologesch Erklärung?

Eist Gehier filtert stänneg Informatiounen. Et sicht no Muster a riicht seng Opmierksamkeet ob dat, wat eis wichteg ass.

Kenns Du dat? Du well's Dir e bestëmmten Auto kafen - an ob eemol gesäis Du dësen Auto iwwerall.

Dësen Auto gëtt et net ob eemol méi oft. Däin Gehier hellt e just méi bewosst wouer.

Änlech kann dat mat eise Gedanke funktionéieren.

Wann mir stänneg denken: "Bei mir leeft alles schif." riichte mir eise Fokus ob dat Negatiivt.

Denke mir awer dogéint: "Wat fir eng Méiglechkeete ginn et?" huele mir vläicht Chance wouer, déi mir virdrun iwwersinn hunn.

Eis Gedanke veränneren also net automatesch déi baussecht Realitéit. Sie kennen awer beaflossen, wéi mir Situatioune wouer huelen, wéi mir eis fillen a wéi mir handelen.

A genau hei gëtt et spannend:

⚛️ Wat huet Quantephysik mat deem Ganzen ze dinn?

An der Quantephysik spille Warscheinlechkeet a Miessprozesser eng wichteg Roll. Dofir gëtt si als Begrënnung genotzt, dass eist Bewosstsinn eis Realitéit schaaft.

Mee opgepasst: D'Quantephysik beweist net, dass mir duerch eis Gedanke Saachen einfach manifestéiere kenne,

Trotzdeem bleift eng spannend Fro:

Vläicht musse mir eis Realitéit guer net "magesch" veränneren. Vläicht fänkt Verännerung domat un, dass mir de Bléckwénkel änneren.

Net: "Ech muss positiv denken, domat alles gutt gëtt." Mee: "Wourop well ech meng Opmierksamkeet riichten." "Wat fir eng Méiglechkeete gesinn ech vläicht net."

Well heiansdo verännert en neie Gedanken net direkt eis Welt - awer hier ka veränneren, wéi mir hier begéinen.

👇 Wat denks Du?

As Gesetz vun der Unzéiung fir Dech éischter Spiritualitéit, Psychologie oder eng Mëschung aus Béidem?

Schreif Deng Meenung gären a Kommentare. ❤️

🌿 Zréck zu Dir. Zréck a Däin Kierper Heiansdo wësse mir mat dem Kapp, dass sech eppes veränneren däerf - mee trotzdeem r...
29/09/2026

🌿 Zréck zu Dir. Zréck a Däin Kierper

Heiansdo wësse mir mat dem Kapp, dass sech eppes veränneren däerf - mee trotzdeem reagéiert eise Kierper weiderhi mat Uspanung, Réckzuch, Onrou an Iwwerfuerderung.

Stress, bannescht Nervositéit, emotional Iwwerfuerderung oder dat Gefill, stänneg funktionéieren ze mussen, kennen Zeechen dofir sinn, dass Däin Nervesystem méi Opmierksamkeet an Ënnerstëtzung brauch.

A menger Praxis verbannen ech:

✨ Psychologesch Berodung

✨ Nervesystemregulation

✨ Somatesch-Emotional Integratioun

Dobäi geet et net nëmmen drëm, iwwer dat ze schwätzen, wat Dech belaascht. Mir bezéien och aktiv Däin Kierper mat an - well Gedanken, Gefill a kierperlech Reaktioune stinn an engem enken Zesummenhang

Zesumme schafe mir Raum fir méi wouer huelen, bannescht Sécherheet, Selbstverständnis a Balance.

💛 Wann's Du spiers, dass sech eppes veränneren däerf, da bass Du häerzlech Wëllkomm








💚 Een erneite Borreliose-Schub – an den ënnerschätze Faktor Stress  Heiansdo denkt een, et hätt een eng schwiereg Phas e...
01/09/2026

💚 Een erneite Borreliose-Schub – an den ënnerschätze Faktor Stress

Heiansdo denkt een, et hätt een eng schwiereg Phas endlech hannert sech. An grad da mellt sech Däin Kierper rëm zréck.

Leider ass et bei mir momentan esou: ee weideren heftege Borreliose-Schub, obwuel sech Situatioun am gaange war lues a lues ze verbesseren. Déi komplett Pallett u Symptomer ass erëm massiv do a weise mir nach eemol méi, wéi der Kierper a Psych matenee verbonne sinn.

Ee Faktor, deen zu enger Rechute resp. Verschlechterung vun de Symptomer bäidroe kann, an iwwer dee menger Meenung no vill ze mann geschwat gëtt, ass de Stress.

Grad bei Borrelios-Betraffener gëtt dësen Zesummenhang, menger Erfarung no, nach heefeg net berücksichtegt. Stress gëtt schnell verharmloost - oder souguer an d'Lächerlecht gezunn. Dobäi ass längst bekannt, dass unhalende Stress de Kierper a besonnesch Regulatioun vum Immunsystem immens belaascht. Net ze vergiessen, dass de Kierper duerch Borreliose-Symptomer wéi z.B. unhalenden Wéi eh permanent ënner Stress steet.

A genau dowéinst soll ee menger Meenung no nach méi genau hikucken.

Wann een iwwer länger Zeit vill Stress ausgesat ass, stänneg funktionéiere muss, kaum zur Rou kennt an zousätzlech mat enger Erkrankung wéi Borreliose lieft, kann een net einfach maachen, als hätt dat ee mat deem aneren näischt ze dinn.

-> Stress ass net nëmmen "am Kapp".

Fir Mënsche mat chroneschen a ëmmer rëm kommenden Symptomer kann eng dauerhaft Belaaschtung en erhieflechen Ënnerscheed maachen. Trotz allem gëtt de Betraffenen net siele vermëttelt, dass si sech dach einfach manner stresse sollen, sech dach net sou ustellen oder géifen hir Symptomer duerch hier Astellung souguer verstäerken.

Dat sinn Aussoen, déi immens verletzend kenne sinn. Well wie mat Borrelios lieft, weess dass déi Belaaschtung net einfach mat engem "Denk positiv" verschwent.

Ech géif mir wënsche méi Bewosstsinn dofir ze schafen, dass Stress een eescht ze huelenden Faktor ass a bei der Betruechtung vu Borrelios net einfach ausgeklammert sollt ginn.

Fir mech heescht et grad: ee Gang zréck schalten, ob mäi Kierper lauschteren a versichen him sou vill wéi méiglech Rou ze ginn

Vläicht solle mir ophalen, Stress bei chronesch kranke Läit kleng ze schwätzen - a ufänken, hien als dat ze betruecht wat en ass: eng zousätzlech BBelaaschtung fir ee scho belaaschtene Kierper

Wéi erliefs Du dat? Gëtt de Faktor Stress bei Dir eescht geholl - oder hues Du och schon missen erliewen, dass e belächelt a verharmloost gouf?

24/08/2026

Wahrer Luxus beginnt im Inneren.

Adresse

3, Groschen
Consthum
9831

Heures d'ouverture

Lundi 13:30 - 20:00
Mardi 13:30 - 20:00
Mercredi 13:30 - 20:00
Jeudi 13:30 - 20:00
Vendredi 10:00 - 17:00
Samedi 09:30 - 12:00

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Find Yourself - psychologesch Berodung publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Find Yourself - psychologesch Berodung:

Raccourcis

Partager

Sociétés De Santé Et De Beauté à proximité