25/09/2026
Wann däi Käppi dréint, zweiwelt, no Léisunge sicht oder alles kontrolléiere wëll, ass dat kee Feeler.
Oft ass et de Versuch vun dengem Nervensystem, iwwer d’Denke Sécherheet a Gewëssheet hierzestellen.
Däi Kapp sicht no enger Erklärung, well et sech an dir net sécher ufillt.
Vläicht hues du iergendwann geléiert:
Wann ech alles duerchdenken, sinn ech virbereet.
Wann ech virbereet sinn, hunn ech Kontroll.
A wann ech Kontroll hunn, sinn ech sécher.
Mee mir kënnen eis net a Sécherheet denken.
De Wee féiert dofir net nach méi déif an d’Denken, mee zeréck an de Kierper.
Dohinner, wou s du a klengen, doséierte Schrëtt léiere kanns, bei dengen Empfindungen ze bleiwen, ouni se direkt erklären, léisen oder verännere ze mussen.
Sécherheet entsteet net duerch nach méi Kontroll, mee duerch nei Erfarungen am Kierper.