LetzBeAware

Itinéraire Contacter l'entreprise

LetzBeAware The First and Only Mental Health Page in Luxembourgish - Letz Smash the Stigma, och zu Lëtzebuerg! Du oder een deens Du kenns brauch psychologesch Hëllef?

Hei ass keen eleng!

„Wéi geet et dir?“„Gutt, an dir?“Eng Äntwert, déi esou automatesch kënnt, datt mir heiansdo bal vergiessen, datt et och ...
27/09/2026

„Wéi geet et dir?“
„Gutt, an dir?“
Eng Äntwert, déi esou automatesch kënnt, datt mir heiansdo bal vergiessen, datt et och nach aner Äntwerte gëtt.

„Éierlech? Ech packen et grad net.“
Fir esou eng Äntwert brauch een net nëmme Courage. Et brauch een och d'Gefill, datt déi aner Persoun domat ëmgoe kann.

Ouni direkt ze relativéieren.
Ouni „Denk positiv“.
Ouni direkt eng Léisung parat ze hunn.
Ouni datt ee sech duerno wënscht, et hätt ee léiwer näischt gesot.

Mir mussen net ëmmer wëssen, wat mir soe sollen. Heiansdo geet et fir d'éischt duer, engem Mënsch ze weisen:
𝐃𝐮 𝐤𝐚𝐧𝐧𝐬 𝐦𝐢𝐫 𝐬𝐨𝐞𝐧, 𝐰é𝐢 𝐞𝐭 𝐝𝐢𝐫 𝐰𝐢𝐞𝐫𝐤𝐥𝐞𝐜𝐡 𝐠𝐞𝐞𝐭. 𝐄𝐜𝐡 𝐡𝐚𝐥𝐞𝐧 𝐝𝐚𝐭 𝐚𝐮𝐬.
An och do fänkt Suizidpräventioun un.

💚 Wien ass dee Mënsch, bei deems du op „Wéi geet et dir?“ wierklech éierlech äntwere kanns? Du dierfs en hei taggen, oder einfach en 💚 an de Kommentarer loossen.

Mythos:❌ Leit, déi vu Suizid schwätzen, maachen et souwisou net.Fakt:✅ Ee Suizid kënnt selten aus dem Näischt. Aussoe wé...
25/09/2026

Mythos:
❌ Leit, déi vu Suizid schwätzen, maachen et souwisou net.

Fakt:
✅ Ee Suizid kënnt selten aus dem Näischt. Aussoe wéi „Ech wëll net méi liewen” oder „D'Welt wier besser ouni mech” sollen ëmmer eescht geholl ginn.

🌍 𝐒𝐮𝐢𝐳𝐢𝐝 𝐛𝐞𝐭𝐫ë𝐟𝐟𝐭 𝐯𝐢𝐥𝐥 𝐦é𝐢 𝐌ë𝐧𝐬𝐜𝐡𝐞𝐧, 𝐰é𝐢 𝐦𝐢𝐫 𝐦𝐞𝐧𝐠𝐞𝐧.

➡️ Weltwäit stierwe méi wéi 720.000 Mënschen all Joer duerch Suizid.
➡️ Fir all Suizid ginn et Schätzungen no méi wéi 20 Suizidversich.
➡️ Bei de 15- bis 29-Järegen ass Suizid déi drëttheefegst Doudesursaach.
➡️ 56 % vun de Suizider geschéie virum Alter vu 50 Joer.

𝐇𝐚𝐧𝐧𝐞𝐫𝐭 𝐚𝐥𝐥 𝐝ë𝐬𝐞𝐧 𝐙𝐮𝐞𝐥𝐞 𝐬𝐭𝐢 𝐌ë𝐧𝐬𝐜𝐡𝐞𝐧. 𝐅𝐚𝐦𝐢𝐥𝐥𝐞𝐧. 𝐅𝐫ë𝐧𝐧. 𝐏𝐚𝐫𝐭𝐧𝐞𝐫. 𝐀𝐚𝐫𝐛𝐞𝐜𝐡𝐭𝐬𝐤𝐨𝐥𝐥𝐞𝐞𝐠𝐞𝐧. 𝐌ë𝐧𝐬𝐜𝐡𝐞𝐧, 𝐝é𝐢 𝐦𝐚𝐭 𝐒𝐮𝐢𝐳𝐢𝐝𝐠𝐞𝐝𝐚𝐧𝐤𝐞 𝐥𝐢𝐞𝐰𝐞𝐧, 𝐨𝐮𝐧𝐢 𝐝𝐚𝐭𝐭 𝐞𝐞𝐧 𝐞𝐭 𝐡𝐢𝐧𝐧𝐞𝐧 𝐨𝐧𝐛𝐞𝐝é𝐧𝐠𝐭 𝐮𝐠𝐞𝐬ä𝐢𝐭.

✋ An trotzdeem gëtt hir Péng nach ëmmer erofgespillt:
„Du sees dat dach just fir Opmierksamkeet.”
„Sou schlëmm ass et dach net.”
„Muss du erëm iwwerdreiwen?”

Wann een dir seet, datt en net méi liewe wëll, huel en eescht.
Et ass net deng Aufgab, alles ze léisen. Mee du kanns nolauschteren, do sinn an dobäi hëllefen, professionell Hëllef ze sichen.

𝘌𝘮𝘱𝘢𝘵𝘩𝘪𝘦 𝘬𝘢 𝘓𝘪𝘦𝘸𝘦 𝘳𝘦𝘵𝘵𝘦𝘯. 𝘌𝘵 𝘨ë𝘵𝘵 𝘏ë𝘭𝘭𝘦𝘧 𝘢𝘯 𝘦𝘵 𝘨ë𝘵𝘵 𝘏𝘰𝘧𝘧𝘯𝘶𝘯𝘨.

𝘋𝘶 ë𝘯𝘯𝘦𝘳𝘴𝘵ë𝘵𝘻 𝘥𝘦𝘦 𝘔𝘦𝘴𝘴𝘢𝘨𝘦❓ 𝘋𝘢𝘯𝘯 𝘥𝘪𝘦𝘳𝘧𝘴 𝘥𝘶 𝘨ä𝘳 𝘦𝘦𝘯 💚 𝘢𝘯 𝘥𝘦 𝘒𝘰𝘮𝘮𝘦𝘯𝘵𝘢𝘳𝘦𝘳 𝘩𝘢𝘯𝘯𝘦𝘳𝘭𝘰𝘰𝘴𝘴𝘦𝘯 𝘢𝘯 𝘥ë𝘴𝘦 𝘗𝘰𝘴𝘵 𝘥𝘦𝘦𝘭𝘦𝘯. #𝘴𝘶𝘪𝘤𝘪𝘥𝘦𝘢𝘸𝘢𝘳𝘦𝘯𝘦𝘴𝘴𝘮𝘰𝘯𝘵𝘩

„Keen huet et komme gesinn.“ ✋❌Ee vun deene wäit verbreetste Mythen ëm Suizid ass, datt et keng Unzeeche gëtt. Dobäi gët...
20/09/2026

„Keen huet et komme gesinn.“ ✋❌

Ee vun deene wäit verbreetste Mythen ëm Suizid ass, datt et keng Unzeeche gëtt. Dobäi gëtt et an de meeschte Fäll Warnsignaler. Déi sinn awer net ëmmer einfach als solch ze erkennen.

Wanns du dir Suergen ëm ee Mënsch mëss, da sich d'Gespréich, amplaz et ze vermeiden.

𝐅𝐫𝐨 𝐧𝐨. 𝐋𝐚𝐮𝐬𝐜𝐡𝐭𝐞𝐫 𝐧𝐨. 𝐇𝐮𝐞𝐥 𝐞𝐧 𝐞𝐞𝐬𝐜𝐡𝐭.

Et gëtt Hëllef. An et gëtt Hoffnung.

💚 De September ass 𝘚𝘶𝘪𝘤𝘪𝘥𝘦 𝘈𝘸𝘢𝘳𝘦𝘯𝘦𝘴𝘴 𝘔𝘰𝘯𝘵𝘩. Hëllef mat, dëse wichtege Message ze verbreeden, deel dëse Post an hannerlooss ee 💚 an de Kommentarer. Wéi eng Warnsignaler sollte méi Mënsche kennen?

Mir gesinn d’Verhale vun de Leit, awer bal ni d’Geschicht, déi dohannert stécht. Wanns du wéisst, wat fir ee Kampf ee Më...
24/07/2026

Mir gesinn d’Verhale vun de Leit, awer bal ni d’Geschicht, déi dohannert stécht. Wanns du wéisst, wat fir ee Kampf ee Mënsch grad amgaang ass ze féieren, géings du warscheinlech aanecht mat ëm schwätzen.

𝐍𝐞𝐭 𝐚𝐥𝐥𝐞𝐬, 𝐰𝐚𝐭 𝐬𝐜𝐡𝐥𝐞𝐜𝐡𝐭 𝐞𝐫𝐢𝐰𝐰𝐞𝐫𝐤ë𝐧𝐧𝐭, 𝐤ë𝐧𝐧𝐭 𝐚𝐮𝐬 𝐞𝐧𝐠𝐞𝐫 𝐬𝐜𝐡𝐥𝐞𝐜𝐡𝐭𝐞𝐫 𝐈𝐧𝐭𝐞𝐧𝐭𝐢𝐨𝐮𝐧.

Heiansdo ass et Iwwerfuerderung. Angscht. Keng Kraaft méi. Oder einfach e Mënsch, dee grad probéiert duerchzehalen.

Dat justifiéiert e Verhalen net ëmmer.
Mee et kann eis drun erënneren, net ze séier ze urteelen.

Frëndlechkeet ass gratis.
Ee Laachen ass gratis.
E bësse Gedold ass gratis.

Dofir sief empathesch. Net well jiddwereen et verdéngt huet. Mee wells du ni weess, wie genau haut deng Empathie am meeschte brauch.

𝐖𝐚𝐭 𝐰ë𝐧𝐬𝐜𝐡𝐬 𝐝𝐮 𝐝𝐢𝐫, 𝐝𝐚𝐭𝐭 𝐝’𝐋𝐞𝐢𝐭 𝐦é𝐢 𝐨𝐟𝐭 𝐠é𝐢𝐟𝐞 𝐠𝐞𝐬𝐢𝐧𝐧? 💚

Als Zeeche vun Empathie a Versteesdemech kanns du gär een 💚 an de Kommentarer loossen.

𝐃𝐒𝐌-𝐕𝐈𝐈𝐈 𝐏𝐨𝐜𝐤𝐞𝐭 𝐄𝐝𝐢𝐭𝐢𝐨𝐧™𝐄𝐥𝐨 𝐨𝐩 𝐧𝐞̈𝐦𝐦𝐞𝐧 𝐞𝐧𝐠 𝐃𝐢𝐚𝐠𝐧𝐨𝐬 𝐫𝐞𝐝𝐮𝐳𝐞́𝐢𝐞𝐫𝐭!Passt perfekt op de Frigo oder an d'Hënnertäsch!𝐊𝐀𝐏𝐈𝐓𝐀𝐋𝐈𝐒...
04/07/2026

𝐃𝐒𝐌-𝐕𝐈𝐈𝐈 𝐏𝐨𝐜𝐤𝐞𝐭 𝐄𝐝𝐢𝐭𝐢𝐨𝐧™
𝐄𝐥𝐨 𝐨𝐩 𝐧𝐞̈𝐦𝐦𝐞𝐧 𝐞𝐧𝐠 𝐃𝐢𝐚𝐠𝐧𝐨𝐬 𝐫𝐞𝐝𝐮𝐳𝐞́𝐢𝐞𝐫𝐭!

Passt perfekt op de Frigo oder an d'Hënnertäsch!

𝐊𝐀𝐏𝐈𝐓𝐀𝐋𝐈𝐒𝐌𝐔𝐒
(Chronescht Ëmwelt-Upassungssyndrom)

𝐃𝐢𝐚𝐠𝐧𝐨𝐬𝐭𝐞𝐬𝐜𝐡 𝐂𝐫𝐢𝐭𝐞̀𝐫𝐞𝐧
Eng Diagnos vu Kapitalismus ka gestallt ginn, wann eng Persoun iwwert eng méi laang Zäit de wirtschaftleche Bedéngunge vun eiser moderner Gesellschaft ausgesat war.

𝐇𝐞𝐞𝐟𝐞𝐠 𝐒𝐲𝐦𝐩𝐭𝐨𝐦𝐞𝐫
• Burnout a konstant Middegkeet.

• Chronesch Dissoziatioun an emotional Ofstompfung als Selbstschutz.

• Ofhängegkeet vu schiedleche Bewältegungsstrategien, fir den Alldag iwwerhaapt auszehalen.

• Stänneg Angscht wat Finanzen, soziale Status, Leeschtung, Ausgesinn, Alter an den eegene gesellschaftleche Wäert ugeet.

• Soziale Réckzuch an Isolatioun, fir Iwwerfuerderung, Verurteelung oder weider Belaaschtungen ze vermeiden.

• Ënnerdrécke vu Gefiller, Bedürfnisser a Perséinlechkeetszich, fir Léift, Unerkennung, eng Aarbecht, eng Wunneng, oder einfach d'Iwwerliewen ze sécheren.

• D'Gefill, ni genuch ze sinn.

• Scholdgefiller, wann een sech ausrout.

• Alldeeglech Konfrontatioun mat suergfälteg ausgewielte Biller vu Mënschen, Plazen, Kierper, Liewensstiler, Carrièren a Besëtz, déi besser schénge wéi dat eegent Liewen.

• Dat konstant Gefill, datt eppes grondsätzlech net stëmmt, ouni kënnen ze erkennen, wouhier et kënnt, well d'Ursaach als "normal" ugesi gëtt.

• De stännege Bléck op d'Zukunft, baséiert op der Iwwerzeegung, datt d'Gléck iergendwou méi spéit op ee waart.

• De Besoin, ëmmer méi ze maachen, ouni jeemools fäerdeg ze ginn.

• Wäertvoll Momenter, authentesch Bezéiungen, Rou, Kreativitéit, an d’Gefill vun Zesummenhalt verpassen, well een sech net gutt genuch fillt oder sech als Echec consideréiert.

• Onméiglechkeet, sech déi néideg Ënnerstëtzung ze leeschten, wärend ee gläichzäiteg emotional, kierperlech, finanziell oder generell fir aner Mënschen do ass, déi och ënner dem Kapitalismus leiden.

• Dauerstress, kierperlech Spannung an Erschöpfung.

𝐁𝐞𝐭𝐫𝐚𝐟𝐟𝐞 𝐌𝐞̈𝐧𝐬𝐜𝐡𝐞 𝐛𝐞𝐬𝐜𝐡𝐫𝐞𝐢𝐰𝐞𝐧 𝐝𝐚𝐜𝐤𝐬:
“Ech fille mech eleng, och wann ech vu Leit ëmgi sinn.”
“Ech si midd, obwuel ech genuch geschlof hunn.”
“Ech hunn d'Gefill hannendran ze sinn, obwuel ech stänneg amgaang sinn.”
“Ech fille mech verantwortlech fir Problemer, déi net op menger Kap gewuess sinn.”

𝐇𝐞𝐞𝐟𝐞𝐠𝐤𝐞𝐞𝐭
Ongeféier 99,9 %.

𝐏𝐫𝐨𝐠𝐧𝐨𝐬
D'Symptomer verschlechteren sech dacks, wann de Betraffene gesot kritt, säi Leed wier e perséinlecht Versoen an net eng viraussiichtlech Reaktioun op seng Ëmwelt.

𝐑𝐞𝐜𝐨𝐦𝐦𝐚𝐧𝐝𝐞́𝐢𝐞𝐫𝐭 "𝐁𝐞𝐡𝐚𝐧𝐝𝐥𝐮𝐧𝐠"

* Gemeinschaft
* Authentesch mënschlech Bezéiungen
* Géigesäiteg Ënnerstëtzung
* Rou
* Spill
* Kreativitéit
* Zäit an der Natur
* Ongezwonge Gespréicher
* Séchere Wunnraum
* Paien, vun deenen ee liewe kann
* Gemeinsam Léisunge fir gemeinsam Problemer

𝐁𝐞𝐦𝐢𝐞𝐫𝐤𝐮𝐧𝐠
Dës Moossname kënnen duerch de Kapitalismus schwéier zougänglech sinn.

𝐃𝐢𝐬𝐜𝐥𝐚𝐢𝐦𝐞𝐫
Betraffe Leit kréien dacks gesot, hir Symptomer géifen op e perséinlecht Versoen hindeiten.

Den aktuelle Wëssensstand weist awer drop hin, datt et sech amplaz och ëm eng ganz normal mënschlech Reaktioun op eng dauerhaft Belaaschtung duerch de Kapitalismus kéint handelen.

𝐖𝐢𝐜𝐡𝐭𝐞𝐠:
Dëse Post ass eng satiresch Reflexioun.

E soll keng Diagnos an och keng professionell Hëllef ersetzen.

Mental Erkrankungen si reell a brauchen eng adäquat Behandlung.

Gläichzäiteg ass et wichteg ze erkennen, datt chronesche Stress, finanziellen Drock an eis Liewensëmstänn e groussen Afloss op eis mental Gesondheet kënnen hunn.

Heiansdo ass net nëmmen de Mënsch, deen iwwerfuerdert ass.

Heiansdo ass et och de System, an deem mir liewen.

❗Triggerwarnung: SuizidDe Louis erzielt vu senger Erfahrung als Mann mam Thema "mental Gesondheet":"Mir ass et nach nie ...
16/06/2026

❗Triggerwarnung: Suizid

De Louis erzielt vu senger Erfahrung als Mann mam Thema "mental Gesondheet":

"Mir ass et nach nie liicht gefall iwerhaapt iwert dat Thema ze schwetzen, a scho guer net mat aanere Männer. Leider gëllen do nach ëmmer dei üblech Viruertdeeler a soumadder stoussen ech generell bei Männer op vill manner Verständnis.

Dat deet mir als Betraffenen natierlech dann emsou méi wéi, ze mierken wéi wéineg eis (männlech) Gesellschaft sensibiliséiert an opgekläert ass, virun allem beim Thema Suizid.

Ee Mënsch huet an esou Momenter just nach ee Gedanken: den Tunnelbléck op en Auswee ouni Leiden an Péng, well ee Symptom vu ville mentalen Erkrankungen ass, engem all Hoffnung ewechzehuelen, datt et je sollt besser goen.

Et mecht engem déi Situatioun leider dann nach méi schwéier, wann ee weess, dass engem säin Auswee als Mann bei aneren nach méi op Kritik stéisst: et wier een “net staark genuch”, et misst ee säi “Mann stoen” ouni eng Tréin ze verléieren.

Dat zeigt vu purer Ignoranz: Ech dierf kräischen, well ech och als Mann Emotiounen hunn, ech däerf mech depressiv fillen, well ech och als Mann net immun géint mental Erkrankunge sinn, an ech dierf heiansdo keen Auswee méi gesinn, esou wéi all déi aner Männer, déi entweder nach weiderkämpfen oder déi mir duerch dës Krankheete verluer hunn.

Jo, ech sinn ee Mann. Ech sinn awer op der éischter Plaz ee Mënsch."

𝐖𝐚𝐧𝐧𝐬 𝐝𝐮 𝐚𝐧𝐞𝐫𝐞 𝐌ä𝐧𝐧𝐞𝐫 𝐞𝐞 𝐌𝐞𝐬𝐬𝐚𝐠𝐞 𝐤é𝐢𝐧𝐬 𝐠𝐢𝐧𝐧, 𝐰é𝐢 𝐠é𝐢𝐟 𝐝𝐞𝐞𝐧 𝐚𝐮𝐬𝐠𝐞𝐬𝐢𝐧𝐧?

"Bass du e Mann an en aanere Mann deelt sech dir mat oder du weess dass hien mat der mentaler Gesondheet an Suizidgedanken ze kämpfen huet? SO NET: “Sief ee Mann!” MEE: “Du bass e Mënsch, ech respektéiren dech an du solls esou staark sinn, wéi et grad nëmmen geet! Ech lauschteren dir no a jugéiren dech net!”"

Als Ausdrock vun denger Solidaritéit, dierfs du gär een 💚 an de Kommentarer hannerloossen an de Post deelen.

Männer kräischen. Männer hunn Angscht. Männer kënnen iwwerfuerdert sinn.Vill Männer kruten a kréien nach ëmmer de Géigen...
08/06/2026

Männer kräischen. Männer hunn Angscht. Männer kënnen iwwerfuerdert sinn.

Vill Männer kruten a kréien nach ëmmer de Géigendeel vermëttelt.

Vläicht gëtt et Zäit, eppes aneres ze vermëttelen:

Staark sinn heescht net, alles eleng ze droen.

Stäerkt weist sech am Mutt, no Hëllef ze froen.

Als Ausdrock vun denger Solidaritéit, dierfs du gär een 💚 an de Kommentarer hannerloossen.

05/06/2026
Grad wann d'Steng haut schwéier ze droe waren. Schéck dat un een, op deens du haut stolz bass. 💚
30/05/2026

Grad wann d'Steng haut schwéier ze droe waren.

Schéck dat un een, op deens du haut stolz bass. 💚

Mir hunn de Leit laang bäibruecht ze schweigen… an nennen et haut nach Schutz.Vill Leit hunn nach ëmmer Angscht, doriwwe...
05/04/2026

Mir hunn de Leit laang bäibruecht ze schweigen… an nennen et haut nach Schutz.

Vill Leit hunn nach ëmmer Angscht, doriwwer ze schwätzen.
Mee genau dat kann den Ënnerscheed maachen.

Wéi schwätze mir also richteg doriwwer?
Net onbedéngt perfekt, mee éierlech, respektvoll a virun allem mat Bléck op Hëllef.

Hannerlooss en 💚 an de Kommentarer, wanns du fënns, datt mir dëst Thema méi normaliséiere mussen.

📲 Deel dëse Post. Vläicht gesäit grad déi Persoun en, déi et haut brauch.

Adresse

Luxembourg

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque LetzBeAware publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à LetzBeAware:

Raccourcis

Partager