03/10/2026
✨ D’BOOKINGS FIR 2027 SINN OP ✨
Meng Bookings fir Januar – Mäerz 2027 sinn elo offiziell op. 🖤
Nodeems ech elo eng länger Zäit ëmmer e puer Méint am Viraus ausgebucht war, hunn ech decidéiert, mäi Booking-System ab 2027 e bëssen ëmzestellen.
Amplaz mäi Kalenner direkt fir vill Méint am Viraus opzemaachen, maachen ech meng Bookings vun elo un ëmmer fir dräi Méint gläichzäiteg op. Esou hunn ech e bësse méi Flexibilitéit a mengem Kalenner, hunn nach Plaz wann emol eppes Onvirgesinnes geschitt an, virun allem, kann ech mir weiderhin déi Zäit fir all Client an all Projet huelen, déi ech brauch.
Déi nächst Booking-Period fir Abrëll – Juni 2027 mécht dann am Januar op.
Ech hunn och e puer Saache bei mengen Aarbechtszäiten, Rendez-vousen, Annulatiounen an dem Fonctionnement vum Studio ugepasst. Kuckt iech dofir w.e.g. d’Slides eng Kéier a Rou un, éier dir är Ufro schéckt. ♡
Är Booking-Ufro kënnt dir mir vun elo un iwwer DM oder E-Mail schécken.
Vum 6. – 15. Oktober sinn ech an der Vakanz. All Ufroen, déi an där Zäit erakommen, gi gesammelt an ech beäntweren se a Rou, wann ech erëm do sinn. Wann dir also net direkt eng Äntwert kritt, braucht dir mer net nach eng Kéier ze schreiwen. 🖤
An nach eng Kéier e risege Merci fir äert Vertrauen, är flott Projeten an dofir, dass dir mech esou beschäftegt haalt. Ech si wierklech immens dankbar dofir. Mat dësem neie System wëll ech einfach dofir suergen, dass ech och weiderhin all Projet déi Zäit an Opmierksamkeet ka ginn, déi e verdéngt — ouni mech oder är Rendez-vousen ënner Zäitdrock ze setzen.
Ech freeë mech schonn drop ze gesinn, wat mir 2027 alles zesumme maachen. 🖤