Haus um Sand

Appeler Itinéraire Site Web

Haus um Sand Stéphanie Hallé-Fabbri
Doula
••••••••••••••••••••••••••
Gutt begleet vun Ufank un
Schwangerschaft-Gebuert-Wochebett-Elterenzäit Ech si Mamm vun zwee Jongen.

HALLO

ech sinn d'Stéphanie a liewe mat menger Famill zu Sëll. De Kaspar ass 2013 am Gebuertshaus zu Mäerzeg an Däitschland an de Moritz 2015 doheem op d’Welt komm. Duerch déi schéin an erfëllte Gebuerten huet mäi Liewen sech ëm 180 Grad gedréit. Ech sinn doduerjer vill méi a meng eege Kraaft komm a profitéieren haut nach vun deene schéinen Erfarungen, déi ech deemools gemaach hunn. Nieft mengem Beruff als Waldorfspillschoulsjoffer, sinn dunn nei Dieren opgaangen an hu mech ëmmer méi déif fir d'Theme Kannerwonsch, Schwangerschaft, Gebuert an Elterenzäit interesséiert, bis ech no an no Ausbildungen a Formatiounen an deene Beräicher gemaach hu fir ganzheetlech Berodungen, Coursen, Workshoppen a Ritualer ronderëm d'Familljeliewen ubidden ze kënnen. 2016 huet meng Rees an d'Selbstännegkeet ugefaang a bereien net dee Schratt an d'Ongewëssheet gewot ze hunn. Ech hoffen, dass ech nach vill Joren als Doula wierken kann, esou datt zukünfteg Elteren, Familljen a Fraen sech verstanen a gutt opgehuewen fillen. Eng vu menge Passiounen ass, zukünfteg Elteren, Familljen a Fraen duerch hir besonnesch Liewensiwwergäng ze guidéieren an se beschtméiglechst virzebereeden, sou datt se méi sécher a gebuergen duerch hir Phase goe kënnen. Liewensiwwergäng brénge Verännerunge mat sech a kënnen intensiv Gefiller an Onsécherheet ausléisen. Ech invitéieren d’Leit, sech méi mat hirer Essenz ze connectéieren a bewosst Ressourcen opzebauen, déi hinnen an usprochsvolle Momenter Halt ginn. Mat Hëllef vu Ressourcen a Ritualer kënnen Iwwergäng net nëmme méi douce verlafen, mee si bidden och d’Geleeënheet, sech weiderzeentwéckelen an nach méi a seng eege Kraaft ze kommen.
​
Kannerwonsch, Schwangerschaft, Gebuert, Wochebett an Elterenzäit sinn déi Iwwergäng op déi ech mech spezialiséiert hunn. Ech bidden ënner anerem och Fraekreesser fir Fraen un, déi sech méi bewosst mat hirer Weiblechkeet auserneesetze wëllen. Ech bidden souzesoen eng net-medezinesch Begleedung un, déi sech ganz gutt mat de Gesondheetsberuffer kombinéiere léist.
​
​​Ech ënnerstëtzen och Elteren, déi vill Froe ronderëm d'Begleedung vun hirem Kand oder hire Kanner hunn. Ech bidde bindungs- a bedierfnisorientéiert Berodungen, Eltere-Kand-Coursen, Workshoppen a Ritualer un, fir datt si hirt Kand besser verstinn, méi op d'Bedierfnisser agoe kënnen a Ressourcen hunn, fir mat usprochsvolle Momenter ëmgoen ze kënnen. Meng Aarbecht baséiert op der Theorie vum "Attachment Parenting", déi dem haitege Kenntnisstand vun der Entwécklungs- a Gehierfuerschung entsprécht.
​
Ech leeë ënner anerem vill Wäert op Präventioun a Resilienz, well ech d'Wuelbefanne vu menger Clientèle stäerken wëll an hinnen hëllefe wëll méi selbstbestëmmt duerch déi verschidden Etappe vum Liewe goen ze kënnen.
​
Firwat den Numm "Haus um Sand"? Ier am September 2017 “Haus um Sand” gegrënnt ginn ass, hunn ech verzweiwelt no engem Numm gesicht. Näischt war gutt genuch bis ech eist Haus mam Stroossennumm kombinéiert hunn. Sou ass “Haus um Sand” entstanen. Ganz einfach!
​

WEIBLECH AHNENLINN10 Joer sinn et elo hier, datt innerhalb vun nëmme 5 Méint meng Elteren a meng lescht Bom gestuewen si...
01/11/2026

WEIBLECH AHNENLINN

10 Joer sinn et elo hier, datt innerhalb vun nëmme 5 Méint meng Elteren a meng lescht Bom gestuewen sinn.

Haut war ech bei hinnen an et fillt sech nach ëmmer esou surreal un. Och wann ech meng Trauer net ëmmer weisen oder driwwer schwätzen, ass si omnipresent.

Dëst Joer ass mir duerch en Instapoust eppes bewosst ginn, wat mech immens beschäftegt.

Meng Urgroussbom Katharina, meng Bom Anna, meng Mamm Irma an ech d’Stéphanie. Véier Generatioune Fraen, déi matenee verbonne sinn an awer esou ënnerschiddlech sinn. A well ech zwee Bouwen op d’Welt bruecht hunn ass domat eis weiblech Linn vun eiser Famill ënnerbrach ginn.

An engem spirituelle Sënn schwätzt een vun enger karmescher weiblecher Linn. Mee wat bedeit et eigentlech, wann dës Linn ënnerbrach gëtt? Ech weess et net a méngem Fall, mee ech weess, dat et méi eng déif Bedeitung huet. Vläicht muss ech net alles verstoen, fir ze spieren, wéi déif dës Verbindung geet. Eng Saach weess ech awer: hir Geschicht lieft a mir weider. Villes konnt ech integréieren, villes konnt ech lassloossen a villes dierf sech nach weisen. En Zyklus geet op Enn a wee wees wei et weider geet. Dat steet wuel an de Stären ✨

https://www.facebook.com/share/p/19mbRAGfxk/?mibextid=wwXIfr
25/10/2026

https://www.facebook.com/share/p/19mbRAGfxk/?mibextid=wwXIfr

✨Ihr möchtet das Geburtshaus Trier kennenlernen?✨

Ihr habt Fragen rund um die Geburt im Geburtshaus, unsere Hebammenbegleitung oder möchtet einfach erst einmal in Ruhe schauen, ob dieser Weg zu euch passt? Dann laden wir euch herzlich zu unserem Infoabend ein.

🗓️ Jeden 1. Dienstag im Monat
🕖 Um 19 Uhr
Geleitet von einer unserer Hebammen

Ihr bekommt die Möglichkeit, uns kennenzulernen, eure Fragen zu stellen und einen Einblick in unsere Arbeit und die Geburt im Geburtshaus zu erhalten.

📩 Anmeldungen sind jederzeit möglich unter [email protected].

Wir freuen uns darauf, euch kennenzulernen! 🤍

FILZATELIER ZWERGHaut de Moien huet eisen alleréischte Filzatelier bei mir am Raum zu Sëll stattfonnt.D’Véronique an ech...
16/10/2026

FILZATELIER
ZWERG

Haut de Moien huet eisen alleréischte Filzatelier bei mir am Raum zu Sëll stattfonnt.

D’Véronique an ech bidden all Joreszäit e Filzatelier un. Dës Kéier hu mir e klenge Zwerg aus Woll dréche gefilzt.

Nieft dem gemeinsame Filzen ass et eis och wichteg, ëmmer e bëssen Hannergrondwëssen aus der Waldorfpädagogik mat anzebréngen. Haut hu mir eis iwwer déi verschidden Zorte vu Waldorfpoppen an Zwergen ausgetosch an natierlech och iwwer déi wonnerbar Woll geschwat, déi esou vill wäertvoll a besonnesch Eegenschaften huet.

Mir erklären dobäi och ëmmer den Zesummenhang vun den eenzelen Elementer an der Waldorfpädagogik. A fir den Atelier ofzeronnen, gëtt et zum Schluss natierlech och ëmmer eng passend Geschicht.

Haut de Moien hunn d’Mammen esouguer zwou Zwergegeschichten héiere kënnen: eng vum Véronique an eng vu mir. Esou konnten si hoffentlech nach e bëssen extra Inspiratioun mat heem huelen a vläicht hirem Kand doheem eng eege oder ähnlech Geschicht mat hirem selwer gefilzten Zwerg erzielen.

Et war e richteg flotten, kreativen a schaffege Moien a mir freeën eis elo schonn immens op eisen zweeten Filzatelier am Januar.

Am Januar maache mir de Kinnek Wanter, am Mäerz eng Fréijorsfee an am Juni eng Filzkristallgirlande, op déi mir eis och scho ganz besonnesch freeën.

Wann s du och bei engem vun eisen nächsten Ateliere dobäi wëlls sinn, da sécher dir deng Plaz, andeems du dech beim Véronique umells. Mir freeën eis op dech!

11/10/2026

Today, a new women’s circle came to life around the sacred space of the womb.

Linda and I feel deeply grateful to accompany five women on a journey of reconnecting with their femininity, inner resources, intuition and rituals.

Together, we explore womb wisdom, gentle womb care, cyclical awareness and the many ways we can return to a deeper connection with our bodies.

A space to soften, listen inward, remember and reconnect with the wisdom that already lives within.

25/09/2026

JORESKREES
MABON

Am Kader vu méngem Joreskrees sinn e puer Mammen aus dem Krees zesumme komm fir dëse besonneschen Iwwergang ze zelebréieren. Ech wënschen iech all e wonnerschéinen a faarwegen Hiescht a genéisst nach déi läscht extra waarm Deeg ☀️

ELTEREKREES MAM FÉLICIEZU SËLLAb Oktober fänken eis Elterekreesser un. Mir huelen eis Raum an Zäit fir nozelauschteren, ...
20/09/2026

ELTEREKREES MAM FÉLICIE
ZU SËLL

Ab Oktober fänken eis Elterekreesser un. Mir huelen eis Raum an Zäit fir nozelauschteren, eis auszetauschen an e flotte Moien mateneen ze verbréngen 🥰

Info an Umeldung:

HIEWANNENHAUS DIDDELENGDeemnächst bidden ech e Bëbeemassagecours zu Diddeléng un a nei Mammekreesser mam Sara fannen och...
20/09/2026

HIEWANNENHAUS
DIDDELENG

Deemnächst bidden ech e Bëbeemassagecours zu Diddeléng un a nei Mammekreesser mam Sara fannen och nees statt 🥰

Info an Umeldung:

20/09/2026

En Dënschden de Moien ass e R-V fräi ginn. Ech hunn Zäit fir Berodung, MamiZen, Rebozo, Yoni Steam oder Wochebettbesuch:
[email protected]
WhatsApp: 621727465

Adresse

7, Um Sand
Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Haus um Sand publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager

Sociétés De Santé Et De Beauté à proximité